Digital Barrièrefräiheet zu Lëtzebuerg

Wat ass digital Barrièrefräiheet?

Digital Barrièrefräiheet bedeit, datt Är Websäit vu jidderee genotzt ka ginn, och vu Mënsche mat Behënnerungen.

Zu Lëtzebuerg ass dat net nëmmen eng Fro vun der Inklusioun, mee fir vill Betriber, Veräiner an aner Organisatiounen och eng gesetzlech Verpflichtung.

Iwwerbléck iwwer de gesetzleche Kader

Fir den ëffentleche Secteur

Déi europäesch Direktiv fir Barrièrefräi Websitë gouf an d’lëtzebuergescht Recht ëmgesat. Zanter 2020 sinn de Staat, d’Gemengen an eng Rei staatlech finanzéiert Organisatiounen a Veräiner verflicht, hir Websiten a mobil Applikatioune accessibel ze gestalten.

Für Privatunternehmen

European Accessibility Act gouf 2023 an d’lëtzebuergescht Recht ëmgesat a verflicht privat Entreprisen, déi bestëmmte Critèren erfëllen, hir Produiten a Servicer barrièrefräi ze maachen.

Normen a Richtlinnen

All betraffe Websäite mussen d’Critèrë vun enger europäescher Norm erfëllen, déi op den internationale WCAG-2.1-Standarde baséiert. De RAWeb (Référentiel d’Évaluation de l’Accessibilité Web) ass de lëtzebuergesche Referenzkader fir d’Evaluatioun vun der Barrièrefräiheet vu Websäiten.

Interesséiert Iech dëst Thema? Ech hunn zwou Informatiouns-Säiten zur digitaler Barrièrefräiheet erstallt:

Meng Webdesign-Déngschtleeschtungen

  • Ech entwéckelen accessibel Websäiten.
  • Ech analyséiere d’Accessibilitéit a verbessere bestoend Websäiten.

Ech entwéckele Websäiten, déi fir jiddereen accessibel sinn an de gesetzlechen Ufuerderungen entspriechen.