Digital Barrièrefräiheet ass zu Lëtzebuerg eng gesetzlech Verpflichtung ginn a betrëfft vill méi Acteure, wéi dacks ugeholl gëtt. Egal ob ëffentlech Verwaltung, Gemeng, eng ASBL mat ëffentlechem Optrag oder eng privat Entreprise, déi bestëmmte Servicer ubitt – et ass gutt méiglech, datt och Dir betraff sidd.
Den ëffentleche Secteur
Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Barrièrefräiheet vu Websäiten a mobillen Applikatioune vun ëffentleche Stellen.
Wien ass betraff?
- De Lëtzebuerger Staat (Ministèren, Verwaltungen)
- D’Gemengen
- Ëffentlech-rechtlech Institutiounen
Sou falen zum Beispill vill ASBLen ënner d’Definitioun vun enger ëffentlech-rechtlecher Institutioun, wa si haaptsächlech aus ëffentleche Mëttele finanzéiert ginn an eng Aufgab am Allgemenginteressi erfëllen.
Am Zweiwelsfall sollt Dir Äre Statut iwwerpréiwen, bei Akzent oder bei der Divisioun Open Data, Zougang zu Informatiounen an digital Barrièrefräiheet vum Service Information et Presse (Staatsministère).
Déi wichtegst Verpflichtungen
- Konformitéit mat WCAG 2.1, Niveau AA: All Websäiten, mobil Applikatiounen an online publizéiert Office-Dokumenter
- Barrièrefräiheetserklärung: Publizéiert op all Websäit an an all Applikatioun
- Feedback-Mechanismus: Fir de Benotzerinnen a Benotzer d’Méiglechkeet ze ginn, Problemer ze mellen
- Äntwertflicht: Äntwert op agaangene Meldungen innerhalb vun 30 Deeg
Erweiderung vun de Flichten op de private Secteur
Dëst Gesetz setzt d’europäesch Direktiv „European Accessibility Act“ (2019/882) ëm. Ziel ass et, d’Barrièrefräiheet vu Produiten a Servicer fir all Mënschen ze garantéieren, besonnesch fir Persoune mat spezifesche Besoinen. Et gëllt fir d’Geschäftsbezéiungen tëscht Entreprisen a Konsumentinnen a Konsumenten.
Déi wichtegst betraffe Secteuren
- E-Commerce (Online-Butteker, Maartplazen)
- Online-Banking
- Persounentransport (z. B. Ticketbuchung)
- Elektronesch Kommunikatioun (Telefonie, Messagerie)
- Audiovisuell Medieservicer
- Elektronesch Bicher a Liesgeräter
Reechwäit vun de Flichten
Bei Websäiten a mobillen Applikatioune bezitt sech d’Verpflichtung zur Barrièrefräiheet op digital Schnëttstellen, déi fir d’Bereetstellung vun den uewe genannten Déngschter genotzt ginn.
Dorënner fale ë. a.: Bestell- a Bezuelprozesser, Buchungs- a Reservatiounssystemer, Clientëberäicher, kommerziell Kontaktformulairen, souwéi all Navigatiounselementer, déi néideg sinn, fir op dës Funktiounen zouzegräifen (Menuen, Sichfunktiounen, informativ Servicessäiten).
Beispill: E Formulaire fir sech bei engem Newsletter unzemellen muss barrièrefräi zougänglech sinn. Dëst well en e vertraglechen Austausch duerstellt, genee esou wéi de kompletten Navigatiounswee dohinner.
Ausnamen
Kleng Entreprisen si fir Déngschter vun dëse Verpflichtungen ausgeholl (net awer fir Produiten).
Definitioun: Entreprise mat manner wéi 10 Beschäftegten an engem Joresëmsaz oder enger Joresbilanzzomm vu maximal 2 Milliounen Euro.
Kontroll a Sanktiounen
Den OSAPS (Office de la Surveillance de l’Accessibilité des Produits et Services) iwwerwaacht d’Anhale vun de gesetzleche Bestëmmungen a kann am Fall vu Verstéiss Sanktioune verhänken.
Fir Webdesigner an Agencë bedeit dat, datt net nëmmen eenzel Säite sollen optiméiert ginn, mee de komplette Wee vum Benotzer bis zum Ofschloss vun enger Transaktioun muss berécksiichtegt ginn.
An der Praxis kann d’Ofgrenzung vun de betraffenen Inhalter komplex sinn. Well Websäiten dacks en eenheetlecht grafescht an technescht Thema fir all Säite benotzen, ass et meeschtens méi einfach a méi effizient, déi ganz Websäit barrièrefräi ze gestalten.
