Formatiounen

Fir wie sinn d’Formatioune geduecht?

Ech forméiere Kommunikatiounchargéën, Gestionnaire vu Websiten, an all Mataarbechter, déi an ärer Organisatioun digital Tools benotzen.

D’Themen

WordPress fir Kommunikatiounchargéën a Content-Manager. Léiert déi weltwäit féierend Content-Management-Plattform ze beherrschen. Loosst déi fäerdeg Modeller op der Säit an erstell eng eege Websäit, déi Är Organisatioun representéiert. Léiert, är Inhalter effizient ze geréieren, d’Ausgesi vun Ärer Websäit unzepassen an Är Online-Präsenz selbststänneg ze fleegen, ouni fir all Ännerung op en Entwéckler ugewisen ze sinn.

Digital Barrièrefräiheet ass net nëmmen eng gesetzlech Flicht, mee och eng Méiglechkeet, méi inklusiv ze kommunizéieren an e méi breede Public z’erreechen. Léiert déi néideg Kompetenze fir accessibel Websiten, Newsletteren an digital Dokumenter z’erstellen. Verstitt, wéi Mënsche mat Behënnerungen am Internet surfen, a léiert, wéi Dir d’Barrièrefräiheet vun Ärern Inhalter iwwerpréife kënnt.

Formatiounen zum Thema digital Barrièrefräiheet ginn exklusiv vun Akzent, dem nationale Zenter fir accessibel Kommunikatioun, ugebueden. Fir eng WordPress-Formatioun oder fir en anert Thema kënnt Dir iech direkt u mech wenden.

Iwwer mech – Trainer

Beim Konzipéieren a beim Oflaf vu menge Formatioune stäipen ech mech op meng Erfarung a meng Leidenschaft fir Informatik a Produktivitéit. Fir den Informatiksunterrecht am Kader vun der Erwuessenebildung hunn ech en Agrement vum Bildungsministère. Ech hunn zousätzlech eng breet berufflech Erfarung, besonnesch an der Formatioun, am Beräich vum interkulturellen Zesummeliewen an der Inklusioun vu Mënsche mat Behënnerungen.

Online-Sécherheetsformatioun: Workshop zur Nutzung des Passwort-Managers BitWarden
WordPress-Workschop – COST European Cooperation in Science and Technology
WordPress-Workshop – COST European Cooperation in Science and Technology
LuxTrust-Formatioun, organiséiert vu GoldenMe a Spuerkeess
LuxTrust-Formatioun, organiséiert vu GoldenMe a Spuerkeess