Key4 Digital Services

by Gérard Kieffer

Erstelle vun accessibele Websäiten

Entwécklung vu professionelle Websäiten, déi de zu Lëtzebuerg gëltegen Ufuerderunge fir digital Barrièrefräiheet entspriechen.

Formatiounen zur digitaler Barrièrefräiheet

Fortbildunge fir Leit déi an der Kommunikatioun schaffen a fir WordPress-Benotzer. Erstellen a Gestioun vun enger barrièrefräier Websäit. Aner Themen op Ufro.

Iwwer mech

Ech sinn de Gérard Kieffer, Expert fir digital Barrièrefräiheet an Informatik-Formateur fir Erwuessener, mat Agrement vum Bildungsministère. Mat iwwer 20 Joer Erfarung an der Webentwécklung bréngen ech Fachwëssen a Leidenschaft fir déi digital Welt an all Projet mat eran.

Fir mech ass Barrièrefräiheet wäit méi wéi nëmmen d’Anhale vun technesche Standarden. Duerch meng Aarbecht mat Mënsche mat Behënnerungen an am Beräich vun der interkultureller Inklusioun verstinn ech, fir wie mir barrièrefräi Kommunikatioun schafen a wéi wichteg si fir d’Participatioun vun alle Mënschen um deegleche Liewen ass.